Please scroll down for the English version.
Et ass ongewinnt, dass ech dës zwee Deeg nach net ze Fouss gaange sinn. Mais dat bleift net esou. Fir moar ass schonn eng länger Sortie geplangt. Ech freeën mech lo schonn drop.
Vu wat ech awer bis elo nach ni geschriwwen hunn, ass wéi esou en Dag op der Rees organiséiert gouf.
Ugefaangen huet den Dag fir mech géingt aacht Auer wéi ech opgestanen sinn. No der Dusch sinn d’Féiss an d’Been agecrèmt a masséiert ginn. Kuerz virun 9 Auer sinn ech dann gemittlech Kaffi drénke gaangen. Dat huet esou bis ongeféier véirel vir Zéng gedauert. D’Féiss sinn nach eng Kéier mat engem speziellen Stëft behandelt ginn fir keng Bloderen ze kréien. En huet nawell gutt gehollef. Duerno hunn ech mech nach mat der Sonnecrème ageriwwen. Ënnerwee hunn ech dat net méi esou gär gemaach. Dann hunn ech nach de Rucksak kontrolléiert.
Fir de Smartphone hat ech een Zousazakku. Doduerch konnt ech ëmmer bis zum Schluss meng Streck senden. Ouni dësen zousätzlechen Akku wier no 4 Stonnen Feierowend gewiescht.
Nodeems ech da meng komfortabel Schong ugedoen hatt, si mir op den Depart gefuer, deen den Dag virdrun nach Arrivée war. Ech sinn just eemol direkt am Hotel ukomm a konnt also och just eemol vum Hotel aus un fortgoen. Éier et lass gaangen ass sinn ech nach, wéi Dir jo wësst, vun hanne fotograféiert ginn. Wann dann och nach de GPS an de Smartphone gréng Luucht ginn hunn, waren et nach ongeféier 6 Stonnen bis op déi nächst Arrivée. Pausen hunn ech bal keng gemaach. Vill Honger hat ech och ni. Just wann eng Pâtisserie an der Géigend war, konnt ech net widderstoen. Ze drénken hat ech awer ëmmer genuch derbäi. Fënnef Kilometer viru Schluss hunn ech deen éischten SMS un d’Kollegen mam Auto geschéckt. Sou wossten si, dass ech nach eng Stonn ënnerwee wier. Am Duerf selwer hunn ech hinnen dann déi genau Adress gesimst. Nodeems si mech dann fonnt haten sinn erëm Fotoen gemaach ginn an da si mir séier zréck an den Hotel gefuer. Hei hunn ech dann dat selwecht wéi moies mat de Féiss an de Been gemaach.
An der zwëschen Zäit sinn d’Fotoen schonn eemol an der Gréisst reduzéiert ginn. Sou krit een se méi séier online gesat.
Op d’Iessen hu mir eis alleguer gefreet. Nom Iessen, esou géingt hallwer Eelef sinn dann d’Fotoen online gaangen. Den Text vum Dag ass geschriwwen ginn an éier ech mech ëmsinn hatt war et och schonn no hallef Nuecht. Den Text gouf nach iwwerlies, eventuell verbessert an dann online gesat. Géingt eng Auer war et dann endlech esou wäit, dass ech konnt an d’Bett goen. Virdrun hunn ech awer nach all d’Batterien un de Stroum gehaangen.
Zum Schluss soen ech nach all deene Merci, déi Dag fir Dag um Site laanscht gesurft sinn!
Bis dann,
Jean-Jacques Zeimes
Days sixteen and seventeen
I’ve been home for two days now and I still can’t seem to get used to my sedentary lifestyle. I miss walking. Tomorrow, I’ll take a longer promenade and I’m seriously looking forward to this.
Today however, I’d like to reveal the details of how I organized myself and coordinated everything during the two weeks on the road. Consider it a look behind the scenes.
I usually got up at around eight o’ clock, took a shower, put some lotion on my feet and legs and gave them a massage. Shortly before nine o’ clock I went downstairs to have breakfast. I allowed myself enough time to eat before I went back to my room. I quickly applied some preventative treatment against blisters and put on some sun lotion. I knew fully well that I wouldn’t have time to do it properly during the walk. I then checked my backpack, put on my walking shoes and left.
As you know, I used my smart phone to send you the necessary data about my itinerary and progress. Unfortunately, its battery would only last for approximatively four hours, so I had brought along a second one to avoid any longer disruptions in the data transfer.
I didn’t just leave the hotel and start walking. Obviously, I had to start from the exact location I had previously arrived at. In most cases, this was somewhere along the way, but not necessarily in a town where I had booked my overnight stay. Every day, somebody had to drive me to that precise location before I could start walking.
Before the actual walk, I usually asked the person who had driven me to the starting point to take a picture of my back. I then checked my GPS and phone and finally started on my 6-hour ordeal. I rarely took a break and I never really felt particularly hungry during the walks. I only stopped if I happened to walk past a bakery. Indeed, pastries were the only luxury I indulged in from time to time. As far as water was concerned, I was well prepared. I usually carried enough around with me. Once I came close to reaching the final five kilometres, I sent a text message to the person who had driven me to that day’s point of departure, thus letting him know that I was nearing the end of that day’s stage. As soon as I stopped walking, I sent them the address of the place where they could pick me up. Again we took a couple of pictures and then drove to the next hotel.
In my room, I treated my legs and feet to the same massage as in the morning while the day’s pictures were being compressed to allow for easier data transfer.
The day’s highlight was usually dinner. Afterwards, usually at around ten thirty, I put the pictures online, wrote a short summary of my encounters, recharged the batteries for the different devices and went to bed (at around 1 am).
Let me conclude by thanking all the people who have visited this website day after day.
See you,
Jean-Jacques Zeimes